Kann ee schwätzen ouni eppes ze soen...?
15/11/2022

Wéi mer matenee schwätzen an ëmginn, ass nach ëmmer en aktuellt Thema. Wa mer eis mat engem ënnerhalen, da kënnen onbewosst Feeler an der Kommunikatioun entstoen, déi eis an Däiwelskiche bréngen. Op där aner Säit kënnen och Bezéiungen ausernee briechen, well mer eis net richteg matdeele kënnen an esou e falscht Bild vun eis selwer eriwwer bréngen. Heiansdo geet et awer och ganz anescht an et schwätzt ee gewësse Saachen net aus, well ee kapabel ass, se op eng net-verbal Manéier auszedrécken, Michèle Schons?
