27ten RTL Spendenmarathon: "Wir helfen Kindern"
17/11/2022

Wat den Télévie fir Lëtzebuerg dat ass den RTL Spendenmarathon fir Däitschland. An den Owend um 18h00 ass et nees souwäit, an dann wäert den Programm vum däitschen RTL nees all Stonn fir knapp 5 Minutten ënnerbrach ginn, fir op Projeten opmierksam ze maachen, fir déi et derwäert ass ze spenden an Ursaachen gëtt et genuch. Corona, de Krich an der Ukrain an déi lafend Käschten déi engem iwwer de Kapp wuessen.
