RTL Reporter: Hannert de Kulisse vun der Tëlee, am Maquillage a bei der Grafik.
21/11/2022

Den RTL Reporter kuckt de Moien hannert d’Kulisse vun der Tëlee. Den Dan Vinkowski war op enger ganz wichteger Platz an huet sech de Maquillage weise gelooss, wou eis Journalisten a Presentateuren déi lescht Touche kréien, ier se op de Plateau ginn. En anert wichtegt Element ass och eis Grafik.
