Wéi kann een de Kanner d'Geméis méi lackeleg maachen?

23/11/2022
Wéi kann een de Kanner d'Geméis méi lackeleg maachen?
Play

Fënnef Portiounen Uebst a Geméis sollt een all Dag iessen. Ma Sätz wéi "Oh nee...Ech hunn d'Geméis net gär!", héiert een ëmmer nees. Wéi ass et da bei deene klenge Geméismuffel, déi schonn d'Nues krauselen, esoubal se den Numm héieren oder d'Iesse richen... ? Well wichteg si jo awer d'Vitaminnen an d'Närstoffer, déi een eben a Form vu Geméis zou sech hëlt. D'Michèle Schons huet sech Tipps an Tricks bei der Ernierungsberoderin gefrot: