Liesen d'Kanner nach genuch?
29/11/2022

Wéi dacks huelen är Kanner eigentlech e Buch an de Grapp? Etüden aus Däitschland no, ass dat op d'mannst mol bei eisen däitschen Nopere manner de Fall wéi soss. Well vill Kanner net méi vun hiren Eltere virgelies kréien, geet och hir Motivatioun fir selwer ze liesen erof, wat fatal Auswierkungen op déi schoulesch Leeschtung kann hunn. Fir erauszefannen wéi et hei am Land mam Lies-Verhale vun de Kanner steet, huet de Bakir Demic mam Direkter vum SCRIPT, dem Luc Weis geschwat.
