Synthetesch Äispist - Top oder Flopp?

28/11/2022
Synthetesch Äispist - Top oder Flopp?
Play

Viru ganz laange Jore konnt ee just um zougefruerene Weier am Duerf Schlittschong fueren... Haut kann een egal wou op der Welt an och am Summer bei iwwer 30 Grad am Schiet Pirouetten dréinen. Op Plastiks-Äispisten. Obwuel... dierf een "Äis"-Pist soen? Well u sech brauchen déi Piste weder Waasser, nach Killenergie a sollen dofir besonnesch nohalteg sinn. Ass dat wierklech esou? A wéi fiert et sech iwwerhaapt op esou Placken? D'Michèle Schons war op de Réimecher Chrëschtmaart nofroen.