Schutz bei online Akeef
30/11/2022

De Marché mat de Päck boomt, an et huet een d'Gefill dass ëmmer méi Leit online kafen, an dat geet dann vu Kleeder, iwwer Tabsen fir d'Kaffismaschinn bis zur neier Televisioun a nach méi groussen Artikelen. A fir dass een do och eng Garantie huet dass d'Wuer impeccabel ass, sinn elo nei EU Reegelen komm déi d'Sécherheet bei Onlineventen nach méi grouss maachen.
