Gutt a Form - d'HIV Berodung vum Roude Kräiz

01/12/2022
Gutt a Form - d'HIV Berodung vum Roude Kräiz
Play

Mënschen mat HIV kënnen haut esou liewe wéi all aneren. A si géingen dat och gär mee Onwëssenheet a Virurteeler maachen hinnen d'Liewen dacks onnëtz schwéier. Dogéint hëllefen Opklärung a Sensibiliséierung. A genee dat ass d'Zil vum Weltaidsdag deen all Joer um 1. Dezember ass. Hei zu Lëtzebuerg ass et, ënnert anerem, d'HIV Berodung vum Roude Kräiz déi dofir do ass fir ze informéieren, ze depistéiere an awer och ze prevenéieren.Nicky Soisson.