130 Manifestanten op Uni Belval setzen sech fir e Fridden am Iran an
30/11/2022

Zënter Méint gëtt elo schonn am Iran géint de Mullah-Regimm protestéiert. Den Ausléiser war den Dout vun der 22 Joer aler Fra Mahsa Amini Mëtt September, well si hir Kappduch net richteg ugehat soll hunn. Zanterdeem gi virun allem jonk Leit op d’Strooss. Géint déi Zoustänn ze protestéieren erfuerdert awer vill Courage, well d’Regierung brutal géint d’Demonstrante virgeet. 555 Studente goufe festgeholl tëscht dem 17. September an dem 23. November. Fir Solidaritéit ze weise goufen haut an iwwer 100 Universitéite weltwäit Manifestatiounen organiséiert. Och zu Lëtzebuerg hunn sech eng 130 Leit versammelt. D’Sabrina Backes war op der Plaz.
