RTL-Reporter Winterlights 2022 - An de Pyramide bei der Gëlle Fra
02/12/2022

Zanter bal 4 Joerzéngte gëtt et e Chrëschtmaart an der Haaptstad. Wat mat e puer hëlze Buden op der Plëss ugefaangen huet ass haut e faarwege multikulturelle Spektakel op ville Platzen an der Stad. Den Dan Vinkowski war op de Winterlights ënnerwee, an huet sech fir eis als Reporter beim Glühwäin ënnert d’Vollek gemëscht.
