Nei am Kino: Erik Steenhäerz

05/12/2022
Nei am Kino: Erik Steenhäerz
Play

Zanter leschter Woch leeft e neie Kannerfilm an de Kinoen. Den Erik Steenhäerz vum estneschen Regisseur Ilmar Raag. De Film ass net just op lëtzebuergesch vertount ginn, mee zum Deel och hei am Land gedréit ginn mat lëtzebuerger Acteuren, wéi dem Jules Werner. Sou gouf zum Beispill och dat bannescht vun engem Piratteschëff komplett zu Kielen am Filmland nogebaut. An der Geschicht begleet een nämlech d'Kanner Maria an Erik, déi op der Sich nom Maria senger Mamm sinn. An do geroden si an e ganze Koupe Aventuren a leeën sech ënner anerem mat Piraten un.