Angscht virum Houseker?
06/12/2022

"Wann s de net brav bass, kriss de vum Houseker eng Rutt..!" E Saz deen een als Kand bestëmmt déi eng oder aner Kéier ze héiere krut... E gëtt haut net méi vill gebraucht, an dat ass och gutt esou. Firwat dass Märchefiguren an Traditiounsfiguren de Kanner Angscht a Schrecken ajoe kënnen a wéi een et anescht maachen- an trotzdeem d'Traditioune bäibehale kann, huet d'Michèle Schons nogefrot.
