Trafic nees do?

13/12/2022
Trafic nees do?
Play

A wéi laang hutt dir dann haut op d'Aarbecht oder an d'Schoul gebraucht? Dat ass jo heiansdo esou eng Chancesaach. Grad da wann een onbedéngt pünktlech muss sinn, da geet et guer net virun: En Accident, e Chantier oder heiansdo schéngt et mol kee richtege Grond ze ginn. An do huet ee jo och scho bal d'Gefill, wéi wann et souguer méi schlëmm gi wär mam Stau. Mee ass den Trafic nees voll do, wou et déi lescht Jore jo duerch Lockdown oder Home Office méi roueg op de Stroossen war?