Wat huet de Fliegenpilz mam Weihnachtsmann ze dinn?
14/12/2022

Säi schéine knallrouden Hutt mat de wäisse Punkten, ass wuel dat opfällegst Zeeche vum Moukeprabbeli iwwerhaapt. Esouguer fir Leit, déi sech net mat Pilzen auskennen, ass e vu wäitem z'erkennen. Den Amanita Muscaria, de Fliegenpilz. E ka bis 20cm grouss ginn, säi Still an och d'Manchette, déi driwwer hänkt, si wäiss an ab dem 19te Joerhonnert taucht e verstäerkt op. Als Gléckspilz, Schmock, oder och als Kitsch an dausende Varianten. Mee déi grouss Fro ass awer - wat mécht e permanent all Joer um Chrëschtbam, dem Adventskranz oder der Bûche? D'Michèle Schons huet sech Gedanke gemaach an ass dobäi déif an déi nordesch Mythologie agedaucht:
