Géint Phishing

''Onéierlecher gi sech als Steierverwaltung aus, fir u Geld ze kommen'', esou ass eng Noriicht op rtl.lu iwwerschriwwen. An engem Communiqué deelt d'Administration des contributions directes mat, dass de Steierzueler nimools via SMS oder iwwer Email kontaktéiert gëtt.Wéi et am Schreiwes vun der Steierverwaltung dës Woch heescht, géifen et am Moment eng ganz Partie un illegale Phishing-Versich ginn.Hei gi falsch SMSen u Steierzueler verschéckt, déi behaapten, dass ee Säitens der Lëtzebuerger Steierverwaltung Recht op e Remboursement huet a ginn dann iwwert e Link invitéiert e gefälschte Site ze besichen, dee sou ausgesäit wéi dee vu Guichet.lu. Um Site ukomm, gëtt de User dann opgefuerdert, seng Bank ze wielen a seng Donnéeë vu sengem perséinleche LuxTrust anzeginn.
