De Bréifdréieschkalenner 2023 mam Thema "100 Joer Gëlle Fra"
22/12/2022

De Bréifdréiesch- respektiv Postkalenner gëtt et schonn zanter 1891 an ass mat Ausnam vun de Krichsjore quasi all Joer vum Bréifdréier verdeelt ginn. E Mëttwoch den Owend gouf de Kalenner fir 2023 virgestallt, deen een dann an de nächsten Deeg Heem bruecht kritt. 170.000 bis 180.000 Exemplairë ginn dovunner all Joer verdeelt.
