RTL-Reporter: Esch 2022 – De Rewind Programm an der Rockhal
23/12/2022

Den Datum vum 22.12.22 haten déi Responsabel vun Esch 2022 ganz bewosst ausgewielt, fir gëschter hire groussen Ofschloss-Event ze féieren. Mat de Stéchwierder, Rewind, Play a Forward gouf Bilan gezunn, awer och an d’Zukunft gekuckt. Eisen RTL Reporter, de gëschter mat dobäi war, huet sech den Owend erkläre gelooss. Den Dan Vinkowski huet an der Rockhal awer och eis Kulturministesch getraff.
