RTL-Reporter: Esch 2022 - E grousse Merci och un d'Remixer
23/12/2022

Ouni déi vill Fräiwëlleg, hätt Esch 2022 net esou kënne stattfannen. Och si ware gëschter Owend erëm mat dobäi fir ze hëllefen, an den RTL Reporter huet sech erkläre gelooss firwat si esou eng wichteg Roll spillen. Den Dan Vinkowski huet awer och e puer Remixer getraff, wéi se fir dat Joer genannt goufen, a gefrot wéi hinnen dat Joer gefall huet.
