Alldag vun Dokter an der Klinik: "Et ass heiansdo ze vill an heiansdo geet et gutt."

06/02/2023
Alldag vun Dokter an der Klinik: "Et ass heiansdo ze vill an heiansdo geet et gutt."
Play

 Gëtt een fäerdeg als Dokter, huet een de Choix. Entweder et mécht ee seng eegen Praxis op an et schafft een net am Spidol. Et mécht een seng Praxis op, an et schafft een als Liberalen fir d‘Spidol oder et ass een direkt an der Klinik als Dokter ugestallt. D‘Aarbecht an de Spideeler uechtert d‘Land ass awer essentiell fir eist Gesondheetssystem an et bréngt och vill Virdeeler mat sech. Net nëmmen fir d‘Personal, ma och fir de Patient.