Safer Internet Day
07/02/2023

Ouni Internet geet et hautdesdaags praktesch net méi. Egal ob doheem oder ënnerwee, et muss een ëmmer an iwwerall online sinn. Ënnert dem Motto "together for a better Internet" ass haut op Initiative vun der Europäescher Kommissioun de Safer Internet Day. D'Geforen am Internet erkennt een dacks net op den éischte Bléck. A genee dofir kënne se esou geféierlech sinn.
