Den Aarbechtskontrakt
08/02/2023

Et huet een e Virstellungsgespréich an alles schéngt perfekt. Dir wëllt genee dës Plaz, d'Leit sinn iech sympathesch an dir kënnt et kaum erwaarden unzefänken. Mee natierlech gehéiert de ganze Pabeierkrom do mat derbäi, et wëll een et awer dacks séier hannert sech bréngen, sou datt een den Aarbechtskontrakt net am Detail duerchliest an dëse souzesoe blann ënnerschreift. D'Laura Lessyn ass hei am Studio a weess op wat ee soll oppassen.
