Natierlecht Hale vun de Beien

08/02/2023
Natierlecht Hale vun de Beien
Play

Beie sinn e wichtege Faktor am globalen Ökosystem. Si transportéiere Pollen an erméiglechen domat d‘Befruchtung vu Planzen, déi da vu Mënsch an Déier giess ginn.D‘„Amerikanesch Faulbrut“ ass eng Bakterie, déi esou engem Beievollek séier kann zousetzen. An Amerika gouf eng Impfung dogéint entwéckelt, ma eng gutt Fro: kann een och virbeugen?