Wéi entsteet de Fuerplang vum RGTR?

13/02/2023
Wéi entsteet de Fuerplang vum RGTR?
Play

D'Busser fuere queesch duerch d'Land a sinn dobäi hei zu Lëtzebuerg och nach fir näischt. Fir dass dat alles ouni gréisser Problemer funktionéiert a fir dass Leit an d'Schüler och pénktlech dohikomme wou se mussen, muss am Hannergrond vill geplangt an organiséiert ginn. RTL wollt vun der Verwaltung vum ëffentlechen Transport gewuer ginn, wéi Fuerpläng iwwerhaapt entstinn.