Onnëtz Kierperdeeler, jo oder nee?
09/02/2023

De mënschleche Kierper huet sech am Laf vun der Evolutioun un d'Ëmwelt an d'Besoinen ugepasst. Verschidden Deeler vun eis erënneren awer nach un aner Formen a souguer ganz Stécker. Aus Pelz goufen d'Hoer, aus dem Schwanz d'Krippchen. Firwat sinn esou Deeler net einfach ganz verschwonnen, an hu se haut iwwerhaapt nach Sënn an Zweck?
