RTL Reporter: Mat der Lëtzebuerger Arméi beim Dronen Training am Areler Bësch
10/02/2023

De Moien am Wecker war den RTL-Reporter bei der Lëtzebuerger Arméi um Härebierg op Besuch, mir sinn awer haut och mat um Terrain ënnerwee. Méi genee zu Arel am Bësch, wëll do gëtt et eng Kollaboratioun mat der belscher Arméi, a fir hier nächst grouss Missioun a Rumänien trainéieren d’Zaldoten elo do mat Erkennungs Dronen. De Sergeant Sergio Texeira erkläert eis wéi ee mini Fliger dat genee ass, a wéi een als Zaldot léiert domadder ze schaffen.
