Europäeschen Dag vum Noutruff - Wouhier kënnt den 112?

11/02/2023
Europäeschen Dag vum Noutruff - Wouhier kënnt den 112?
Play

Et gëtt wuel keen Datum, dee fir den europäeschen Dag vum Noutruff besser passt, wéi den 11. Februar. Op dësem Dag wëlle Rettungskräft europawäit den 112 méi an de Fokus réckelen an och drop hiweisen, datt dës Nummer ëmmer nach ze dacks net sou benotzt gëtt, wéi dat eigentlech sollt de Fall sinn. Mä vu wou kënnt den 112 eigentlech? Eventuell hu vill Leit d’Impressioun, den 112 als Nummer vum Noutruff géing et schonn zanter éiweg ginn, allerdéngs ass dat net sou. Mir hunn eis mam Christopher Schuh vum CGDIS ënnerhalen.