All Dag duschen oder léiwer net?
13/02/2023

Wat gëtt et Besseres wéi Moies eng gutt Dusch fir gutt a propper an den Dag ze starten? Vill Leit kënne sech effektiv souguer kaum virstellen ouni dëse Ritual aus dem Haus ze goen. Well beim Dusche ginn net nëmme Bakterien, Dreck an ofgestuerwen Haut ofgespullt, déi meescht ginn och réischt ënnert der Dusch sou richteg fit a waakreg. Ma wat seet eis Haut dozou? Gutt oder net gutt? Mir hu bei enger Dermatologin nogefrot.
