RTL Reporter: Vältesdag, Stimulantes vum Carlo Sauber
14/02/2023

Et gi Kraider, Planzen a Gewierzer, deene gëtt eng bestëmmte Wierkung op de Mann oder d’Fra zougeschwat, de Carlo Sauber huet esouguer e ganze Menü fir Vältesdag zesummegestallt, deen eng gewësse Wierkung soll hunn. Eng ganz Corbeille kruten den RTL-Reporter zerwéiert, an den Dan Vinkowski huet sech erkläre gelooss, wéi déi eenzel Ingredienten sollen an eisem Kierper funktionéieren.
