RTL Reporter: Vältesdag, wéi wier et mat engem erotesche Kaddo ?

14/02/2023
RTL Reporter: Vältesdag, wéi wier et mat engem erotesche Kaddo ?
Play

De Moien hu mir schonn iwwer Blummen, Speed Dating an e ganz spezielle Vältesdag-Menü geschwat. Wann der elo nach ëmmer net wësst, wéi der är Partnerin oder äre Partner sollt beschenken, wéi wier et mat e bëssi méi Erotik. E Fach-Geschäft für Ehe-Hygiene huet d’Beate Uhse dat am Ufank genannt, haut ginn et esouguer erotesch Supermarchéen och bei eis am Land. Mir waren dohinner a wollte vum Patron Olivier Michaux wëssen, wat d’Leit esou akafen, an ob et méi Männer oder Frae sinn, déi an de Buttek kommen.