D'Auswierkunge vun der Keelt op eis Gesondheet
22/02/2023

Schnéireen, äiseg Temperaturen a wéineg Dagesliicht... an der kaler Joreszäit ginn et vill Leit déi et am léifste wéi d'Déiere maache géingen: Sech an d'Decken awéckelen an an d'Hiel zeréckzéie, bis de Wanter eriwwer ass. Ganz kloer, kal Féiss an Héngerhaut sinn net wierklech agreabel, mee d'Keelt déngt awer dem Organismus an de kale Méint och als Schutz.
