Buergbrennen, d'Anne Kaiffer huet um Scoute-Kachbuch matgeschriwwen
23/02/2023

Wien d’Buergbrenne kucke geet, wëllt op der Plaz och eppes ze iessen an ze drénken; dofir gëtt et vun der FNEL Scouten e ganz speziellt Kachbuch mat alle wichtege Rezepter, déi fir all Grupp vu Leit kënnen ugepasst ginn. Eisen RTL-Reporter hat och e klengen Ofstiecher an d’Stad gemaach, an do huet den Dan Vinkowski eng passionéiert Scoutin getraff, déi och vill vum Kache versteet.
