Gender-Pay-Gap
22/02/2023

D’Egalitéit tëscht de Geschlechter soll ëmmer méi Realitéit an de Betriber ginn. Egalitéit, dat wier awer méi wéi just d’Gläichstellung tëscht de Geschlechter. Et géing och em de Respekt an d’ Wäertschätzung goen, ewéi och em d’Méiglechkeete fir sech kënne weider ze entwéckelen, sou d’Ministesch Taina Bofferding. Virun dësem Hannergrond hunn de Ministere fir d'Gläichstellung tëscht Mann a Fra an den Aarbechtsministere de Mueren eng nei Broschür presentéiert, déi de Betriber néideg Informatiounen iwwer dëse Sujet soll matginn. Ma och verschidden Initiativen a Gesetzesprojeten hätten an deene leschte Joren dozou bäigedroen, datt d'Aarbechtsëmfeld manner diskriminéierend gi wier.
