Bam vum Joer 2023
23/02/2023

Et gëtt jo zum Beispill de Lëtzebuerger vum Joer, de Vull vum Joer oder den Employeur vum Joer. Ma wéi wier et da mol mam Bam vum Joer? Genee sou eng Initiative gëtt et zanter méi wéi 20 Joer hei zu Lëtzebuerg. Deemools huet sech d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur un den Däitsche Kuratorium "Baum des Jahres" dru gehaange fir all Joer en anere Bam ervir ze setzen.
