Buergen si gebrannt - lo kann de Wanter sech verzéien

27/02/2023
Buergen si gebrannt - lo kann de Wanter sech verzéien
Play

D'Fuesent gouf op Äschermëttwoch zu Réimech verbrannt, an dëse Weekend goufen op ville Koppen am Land d'Buergen ugestach. Vu ganz do uewen an der Spëtzt vum Land, iwwer Guttland, bis op d'Musel an an de Minett gëtt dëse Brauch gefleegt.Bal sinn et d'Pompjeeën, de Club des Jeunes, d'Scouten oder wéi zu Nidderaanwen d'Buergfrënn, déi op dësen groussen Event invitéieren.Si sinn zu hirer 40 am Club, dovunner gehéieren der 15 zum haarde Kär, a sinn d'Baumeeschter.