Adoptéier eng Kaz aus dem Gaasperecher Déierenasyl
02/03/2023

Hond oder Kaz, dat ass d’Fro, déi sech vill Leit stellen, wann se wëllen en Déier adoptéieren. Mir fänken haut emol mat de Kazen un, well haut ass den internationalen « Adoptéier eng Kaz » Dag. Dofir hate mer den RTL Reporter an de Gaasperecher Deierenasyl geschéckt, an do trefft den Dan Vinkowski déi Responsabel am Kazenhaus, mee sinn dann och e puer Kazen do?
