Euroshop - de Caddie vun der Zukunft
02/03/2023

Haut ass de leschten Dag vun der Euroshop-Foire zu Düsseldorf, op där 1800 Aussteller hir Trends a Saache Shopping zanter e Sonndeg virstellen. Dozou gehéiert de Caddie dee selwer scanne kann, Recycling an der Ariichtung vum Buttek, esou wéi och Augmented Reality, déi de gewënschten Objet nach virum Kaf um Smartphone weist, wéi en an ärer Stuff géing ausgesinn.
