"Luxembourg Music Video Night" vum Rocklab
08/03/2023

Zanter dem 2.Mäerz dréint sech zu Lëtzebuerg jo grad rëm alles ëm de Film, an am Kader vum Luxembourg City Film Festival ginn dann och dëst Joer rëm Museksvideoe vu lokalen Artisten een Owend laang um groussen Ecran gewisen. Dee Rendez-vous fält dës Kéier op den 10.Mäerz, also nächste Freiden. D'Valeria Wiwinius huet sech beim Sam Reinard vum Rocklab renseignéiert.
