Kläppereien am Kino - Wéi geet een hei am Land domat ëm?
08/03/2023

Wien op de soziale Reseauen - besonnesch Tiktok - ënnerwee ass, deen huet villäicht en éischter verstéierenden Trend entdeckt: Jugendlecher, déi wärend Seancë vum neie Box-Film «Creed III» a Kinossäll randaléieren, mat Iessen a Gedrénks ronderëm geheien oder souguer Kläppereien ufänken. Wärend an enger Rei Kinoen an Däitschland duerch dës Virfäll Groussasätz vun der Police mat sëllege Festnamen ausgeléist goufen, gouf zu Diddenuewen a Frankräich souguer e Kino komplett zougemaach. Erwaarden eis hei am Land änlech Zeenen?
