Fondation Cancer - "Génération Sans Tabac"
11/03/2023

Kéint Dir Iech virstellen an enger Welt ouni Tubak ze liewen? Dat wou Zigaretten an aner Tubaksproduiten dach zu engem feste Bestanddeel vun eiser Gesellschaft gehéieren a fir vill Leit leider kaum ewech ze denke sinn. D'Fondation Cancer hei am Land huet sech jiddefalls virgeholl bis 2040 jidderengem d'Méiglechkeet op eng Welt ouni Tubak ze ginn. E groussen Defi deen awer misst ze maache si wa souwuel vun ëffentlecher wéi vun industrieller a privater Säit e puer Efforte gemaach ginn.
