Kaum nach Fortschrëtt an der Fuerschung?
12/03/2023

Spéitstens zanter der Pandemie wësse mir, dass Fuerschungsprojeten Zäit brauchen an een net vun haut ob muer Resultater huet. A méi wéi eng Kéier hu mir materlieft, dass Saachen déi haut nach esou sinn, muer op eemol anescht sinn. Dat ass genee dat wat d'Fuerschung ausmécht. Dat wat ee fënnt, muss ëmmer nees nei iwwerpréift gi fir wierklech sécher ze goen, dass d'Resultat dat richtegt ass. Béiss Zonge behaapten allerdéngs, dass et haut kaum nach Fortschrëtter an der Fuerschung géinge ginn.
