Wéi schmaacht Waasser?
22/03/2023

Waasser ass fir eis Lieweswichteg. Genuch drénken ass gesond. Et reegt net nëmmen de Stoffwiessel un, ma et suergt fir eng gutt hydratéiert a glat Haut, e ass gutt géint Kappwéi, et kann den Appetit reduzéieren an d'Fitness an d'Luucht dreiwen. Dofir ass et natierlech och wichteg fir déi Balance nees hinzekréien a reegelméisseg ze drénken, net just réischt, wann den Duuscht schonn do ass. Mir schwätze vu Waasser wuelgemierkt. A Waasser ass alles anescht wéi banal, an ouni Goût.
