Déiereschutz am Ausland : D'Konditiounen hei si miserabel
14/03/2023

An der Woch schaffen d'Nathalie Oberlinkels an d'Isabelle Michels am Enseignement. An hirer Fräizäit engagéieren si sech fir rumänesch Stroossenhënn. Mat hirer Associatioun Street Souls asbl schaffen si elo schonn e puer Joer ganz enk mat rumäneschen Déiereschützer zesummen. D'Ziel ass et deenen Hënn, déi dohannen hiert Liewen am Asyl, der Strooss oder der Kette verbréngen, hei e schéint doheem ze fannen. Dofir fléien si all puer Wochen op d'Plaz. D'Lea Schwartz huet si dobäi begleet an iwwert d'Erausfuerderungen vun dëser Aarbecht geschwat.
