RTL-Reporter am neie Siège vun der Post op der Gare

16/03/2023
RTL-Reporter am neie Siège vun der Post op der Gare
Play

Helix gouf dat néit Gebai gedeeft, och wéinst der riseger Wendeltrap, déi am neie Siège vun der Post, déi 9 Etage ganz oppe matenee verbënnt. Grouss, effizient, praktesch an nohalteg ass en, den neie grousse futuristeschen Architekturprojet op der bekannter Plaz vis-à-vis vun der Gare. Et ass schonn dat 5. Gebai vum zweetgréissten Employeur vum Land do am Quartier. Den RTL-Reporter huet sech dat Ganzt emol méi genee ugekuckt a wollt och vu sengen Interviewpartner wëssen, wéi et dann elo ass do an dem innovativen neie Gebai ze schaffen ?