Wiederstatioun op meteo@rtl.lu
23/03/2023

Et gëtt ee Sujet, dee praktesch jiddereen ëmmer interesséiert an dat ass d'Wieder. Ma fir erauszefannen, wéi d'Wiederprevisioune fir déi nächst Deeg sinn, geet et duer, kuerz op de Smartphone ze kucken oder bei eis um Radio eranzelauschteren. Ma fir datt d'Donnéeën et bis op den Ecran packen, brauch ee Wiederstatioune fir d'Informatiounen iwwert d'Klima ze sammelen.
