De Fall Freudenberg: Jugendkriminalitéit hei am Land
24/03/2023

Et schéngt, wann een e Bléck an d'Medie geheit, wéi wann d'Kriminalitéit bei jonke Leit däitlech zougeholl hätt. Dat geet vum einfachen Déifstall bis hin zur Kläpperei oder och alt mol Abréch, Drogeproblematiken oder souguer och mol Homicide. Woubäi dat awer éischter d'Ausnam ass. Erschreckend Noriichte koumen an deem Sënn an de leschte Méint vun eisen däitschen a franséische Noperen. Ma wéi gesäit et hei am Land aus?
