De Fall Freudenberg: wéi ass d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg?
24/03/2023

De Fall ass op der Une an allen Noriichten. De brutale Mord an Däitschland ass an aller Mond. Wat wierklech geschitt ass wäert sech warscheinlech nach eraus stellen. Nach gëtt vill spekuléiert. Fest steet awer, dass zwee Meedercher am Alter vun 12 an 13 Joer verdächtegt ginn eng gläichaltreg Schülerin kalbliddeg ëmbruecht ze hunn. Detailer spuere mer eis, doriwwer gëtt genuch an den däitsche Medien spekuléiert. Mir hunn eis d'Fro gestallt: wat wier wann dat hei am Land géing geschéien?
