De Fall Freudenberg - De Centre Socio-Educatif Dräibuer

24/03/2023
De Fall Freudenberg - De Centre Socio-Educatif Dräibuer
Play

"Schéck dech, soss kënns de op Dräibuer" - en Ausdrock, deen déi meescht vun eis als Kand scho mol héieren hunn. 1948 hunn d’Diere vun der "Maison de redressement" zu Dräibuer opgemaach. Wann et deemools eng Plaz war, wou Kanner a Jugendlecher virun allem gefügeg gemaach goufen, ass een haut awer vun deem Stigma fort.