Wäin a Mousseux ouni Alkohol, och bei eis en Thema?
28/03/2023

An de nächste Minutte gënne mir eis e Patt Wäin. Neierdéngs heescht et elo jo dann dacks:
Wäin, jo gären awer ouni Alkohol wannechgelift.
Op der Pro Wein zu Düsseldorf 2023, déi d’lescht Woch op en Enn goung, war dat en Top Thema.
Wäin a Mousseux ouni Alkohol, och bei eis en Thema? De Christian Schmit ass der Fro nogaang ob déi 0% Cruen och bei eis Succès hunn.
