Fréijoer: net all Villche brauch Hëllef

28/03/2023
Fréijoer: net all Villche brauch Hëllef
Play

Fir d'Meteorologe si mir scho bal ee Mount laang am Fréijoer, um Kalenner huet et t'lescht Woch ugefaangen. Dat mierkt een och schonn op Plazen an der Natur an et dierft och schonn opgefall sinn datt ee méi Villercher héiert. D'Fréijoer ass déi Zäit an där vill wëll Déieren Nowuess kréien. Dat fält ënner anerem och op zu Diddeleng an der Fleegestatioun fir wëll Déieren, well da vill jonk Villercher bruecht ginn, vun deenen ugeholl gëtt datt se Hëllef brauchen.