Wéi laang kann een ouni Iessen iwwerliewen?

06/04/2023
Wéi laang kann een ouni Iessen iwwerliewen?
Play

Well zanter Joerhonnerte gëtt op der ganzer Welt alt mol gefaascht. Fréier, an och deels nach haut, virun allem aus reliéise Grënn. D'Chrëschte si jo aktuell an der Faaschtenzäit a bei de Moslemen ass et de Ramadan deen d'lescht Woch ugefaangen huet. Ëmmer méi Leit gesinn d'Faaschten awer och als eng Beräicherung an hirem Liewen a verzichten esou fräiwëlleg a ganz bewosst op dat eent oder anert fir eng gewëssen Zäit. Verschiddener verzichte souguer ganz op d'Iessen. Wéi laang kann dat eigentlech gutt goen? A wat geschitt wa mir elo einfach näischt méi iesse géingen?